29. an 30. Abrëll: CR 342 vun Housen op Rouderssen wéinst Bëschaarbechte gespaart

29. an 30. Abrëll: CR 342 vun Housen op Rouderssen wéinst Bëschaarbechte gespaart

LU Wéinst Bëschaarbechten ass den CR 342 tëscht Housen a Rouderssen ee Méindeg an Dënschdeg, de 29. an 30. Abrëll 2024, gespaart. D’Course 3455 vun der Scholbuslinn K44 Housen-Ënnereesbech huet hiren Départ (6.49 Auer) dofir um Arrêt Rouderssen-Um Weier a fiert dann iwwer d’Arrêten Rouderssen-Kiirch, Kounenhaff an Uewereesbech-Bei der Baach bis bei den Arrêt Ënnereesbech-Bréck fir dann ze dréinen an iwwer Uewereesbech erop op Housen ze fueren. D’Arrêten Housen-Bayrischt an Housen-Bei der Kierch gi net bedéngt!

__________

FR En raison de travaux forestiers, le CR 342 sera fermé entre Hosingen et Rodershausen le lundi 29 et le mardi 30 avril 2024. La course 3455 de la ligne de bus scolaire K44 Hosingen-Untereisenbach partira donc (6h49) de l’arrêt Rodershausen-Um Weier et continuera par les arrêts Rodershausen-Kiirch, Kohnenhof et Obereisenbach-Bei der Baach jusqu’à l’arrêt Untereisenbach-Bréck, pour ensuite faire demi-tour et se rendre à Hosingen via Obereisenbach. Les arrêts Hosingen-Bayrischt et Hosingen-Bei der Kierch ne seront pas desservis !

__________

DE Wegen Waldarbeiten ist der CR 342 zwischen Hosingen und Rodershausen am Montag und Dienstag, dem 29. und 30. April 2024, gesperrt. Die Fahrt 3455 der Schulbuslinie K44 Hosingen-Untereisenbach fährt daher (6.49 Uhr) an der Haltestelle Rodershausen-Um Weier ab und weiter über die Haltestellen Rodershausen-Kiirch, Kohnenhof und Obereisenbach-Bei der Baach bis zur Haltstelle Untereisenbach-Bréck, um alsdann zu wenden und über Eisenbach nach Hosingen zu fahren. Die Haltstellen Hosingen-Bayrischt und Hosingen-Bei der Kierch werden nicht angesteuert!

Flott Austauschversammlung tëscht der Gemeng Parc Housen an de lokale Veräiner

Flott Austauschversammlung tëscht der Gemeng Parc Housen an de lokale Veräiner

LU Um Méindegowend, dem 22. Abrëll 2024, hat d’Gemeng Parc Housen, zesumme mam « Forum pour l’Emploi », déi lokal Veräinswelt op eng Informatiouns- an Austauschversammlung am Centre culturel zu Housen invitéiert. Nodeems de « Forum »-Direkter Pit Winandy de Veräinsvertrieder de regionale Projet « Cups System » fir d’Verléinen an dat professionellt Spulle vu Mehrwegbecheren um neie Site vum « Forum pour l’emploi » zu Housen virgestallt hat, huet de Schäfferot de Veräiner och dat villfältegt logistescht Material presentéiert, dat de Veräiner fir hir Manifestatioune gratis bereetgestallt ka ginn. Donieft gouf awer och nach ee Bléck op verschidde geplangte Neierungen geworf, wéi zum Beispill bäi der Sallnotzung. D’Gemeng seet deene net manner wéi 38 Veräiner, déi deen Owend präsent waren, ee grousse Merci. All Veräiner, déi net konnten do sinn, kënne sech den Dossier mat allen Informatioune vum Info-Owend awer och bäi der Gemeng Parc Housen (Tel. 92 13 41-21) ufroen.

__________

FR Lundi soir, le 22 avril 2024, la Commune du Parc Hosingen, en collaboration avec le « Forum pour l’Emploi », avait invité les associations locales à une réunion d’information et d’échange au centre culturel de Hosingen. Après que le directeur du Forum, Pit Winandy, ait présenté aux représentants des associations le projet régional « Cups System » pour la location et le nettoyage professionnel de gobelets réutilisables sur le nouveau site du Forum pour l’Emploi à Hosingen, le collège échevinal a présenté le matériel logistique varié qui peut être mis gratuitement à disposition des associations pour leurs manifestations. Par ailleurs, un coup d’œil a également été jeté sur diverses nouveautés prévues, par exemple en ce qui concerne l’utilisation des salles communales. La commune remercie chaleureusement les 38 associations représentées. Toutes les associations qui n’ont pas pu être présentes peuvent demander le dossier avec toutes les informations sur la soirée d’information auprès de la Commune du Parc Hosingen (tél. 92 13 41-21).

__________

DE Am Montagabend, dem 22. April 2024, hatte die Gemeinde Parc Hosingen die lokale Vereinswelt, gemeinsam mit dem « Forum pour l’Emploi », zu einer Informations- und Austauschversammlung ins Kulturzentrum in Hosingen eingeladen. Nachdem « Forum »-Direktor Pit Winandy den Vereinsvertretern das regionale Projekt « Cups System » zum Verleih und zur professionellen Reinigung von Mehrwegbechern am neuen Standort des « Forum pour l’Emploi » in Hosingen vorgestellt hatte, präsentierte der Schöffenrat das vielfältige Logistikmaterial, das den Vereinen kostenlos für ihre Veranstaltungen bereitgestellt werden kann. Daneben wurde aber auch noch ein Blick auf diverse geplante Neuerungen geworfen,  zum Beispiel bei der Nutzungs der kommunalen Dorfsäle. Die Gemeinde sagt den nicht weniger als 38 vertretenen Vereinen herzlichen Dank. Alle Vereine, die nicht anwesend sein konnten, können das Dossier mit allen Informationen zum Info-Abend gern  bei der Gemeinde Parc Hosingen (Tel. 92 13 41-21) beantragen.

29. Abrëll – 7. Mee 2024: Stroossespäerung wéinst Chantier an der Leemkaul

29. Abrëll – 7. Mee 2024: Stroossespäerung wéinst Chantier an der Leemkaul

LU Wéinst engem Chantier vun der Creos ass d’Strooss an der « Leemkaul » vun ee Méindeg, dem 29. Abrëll 2024, bis dënschdes, de 7. Mee 2024 (inclus) fir den Trafic gespaart. Fir d’Zäit vun den Aarbechten ginn d’Busarrêten Duerscht-Leemkaul, Maarnech-Beim Sender, Maarnech-Schwaarzenhiwwel a Maarnech-Dosberstross net ugefuer.

__________

FR En raison d’un chantier de la Creos, la route « Lehmkaul » sera fermée à la circulation du lundi 29 avril 2024 au mardi 7 mai 2024 inclus. Pendant la durée des travaux, les arrêts de bus Dorscheid-Leemkaul, Marnach-Beim Sender, Marnach-Schwaarzenhiwwel et Marnach-Dosberstrooss ne seront pas desservis.

__________

DE Aufgrund einer Baustelle der Creos ist die Straße in der « Lehmkaul » von Montag, dem 29. April 2024, bis einschließlich dienstags,  den 7. Mai 2024, für den Verkehr gesperrt. Während der Dauer der Arbeiten werden die Bushaltestellen Dorscheid-Leemkaul, Marnach-Beim Sender, Marnach-Schwaarzenhiwwel und Marnach-Dosberstrooss nicht angesteuert.

Sportsminister Georges Mischo op Besuch beim « Street Soccer Balance »-Tournoi am Parc Housen

Sportsminister Georges Mischo op Besuch beim « Street Soccer Balance »-Tournoi am Parc Housen

LU Um Freidegmëtteg war de Sportsminister Georges Mischo am Parc Housen bei engem vun der Initiativ Eurosportpool – engem Sportsnetzwierk an der Groussregioun – organiséierten, interregionale « Street Soccer Balance »-Tournoi op Besuch, fir déi Jonk aus 3 Länner a 5 Regiounen an hirem sportlechen Engagement ze ënnerstëtzen a si fir hir Leeschtungen och mat engem Diplom auszezeechnen.

__________

FR Vendredi midi, Monsieur le Ministre des Sports, Georges Mischo, était présent au Parc Hosingen lors d’un tournoi interrégional de « Street Soccer Balance » organisé par l’initiative Eurosporttool – un réseau sportif de la Grande Région – afin de soutenir les jeunes de 3 pays et 5 régions dans leur engagement sportif et également de récompenser leurs performances par un diplôme.

__________

DE Am Freitagmittag war Sportminister Georges Mischo im Parc Hosingen bei einem von der Initiative Eurosporttool – einem Sportnetzwerk aus der Großregion – organisierten, interregionalen « Street Soccer Balance »-Turnier zu Gast, um die Jugendlichen aus 3 Ländern und 5 Regionen bei ihrem sportlichen Engagement zu unterstützen und auch für ihre Leistungen mit einem Diplom auszuzeichnen.

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

LU Opgepasst! Op Beschloss vum Gemengerot vum 21. Mäerz 2024 iwwerhëllt d’Gemeng Parc Housen ab Abrëll 2024 just nach 4 Fahrte vum « Night Rider » (allers-retours) pro Mount.

__________

FR Attention ! Suite à la décision du conseil communal du 21 mars 2024, la Commune de Parc Hosingen ne prendra encore en charge, à partir d’avril 2024, que les frais de 4 trajets « Night Rider » (allers-retours) par mois. 

__________

DE Aufgepasst! Auf Beschluss des Gemeinderats vom 21. März 2024 hin, übernimmt die Gemeinde Parc Hosingen ab April 2024 noch lediglich die Kosten für 4 « Night Rider »-Fahrten (Hin- und Rückfahrt) pro Monat. 

Update: Punktuell Stroossespäerung « An der Gaass » zu Näidsen bis ee Freideg, de 26. Abrëll, verlängert

Update: Punktuell Stroossespäerung « An der Gaass » zu Näidsen bis ee Freideg, de 26. Abrëll, verlängert

LU UPDATE: De Chantier op der Héicht vum Haus Nr. 13 an der Strooss « An der Gaass » zu Näidsen gëtt bis ee Freideg, de 26. Abrëll 2024, verlängert.

__________

FR UPDATE : Le chantier à la hauteur de la maison n° 13 dans la rue « An der Gaass » à Neidhausen est prolongé jusqu’au vendredi 26 avril 2024 inclus.

__________

DE UPDATE: Die Baustelle auf der Höhe des Hauses Nr. 13 in der Straße « An der Gaass » in Neidhausen wird bis einschließlich Freitag, den  26. April 2024, verlängert.

 

Klenge Maarnicher Festival: Concert-conférence mam Musiker an Historiker Guy Schons, den 3. Mee 2024, zu Näidsen

Klenge Maarnicher Festival: Concert-conférence mam Musiker an Historiker Guy Schons, den 3. Mee 2024, zu Näidsen

LU Am Kader vum « Klenge Maarnicher Festival » ass de Musiker an Historiker Guy Schons freides, den 3. Mee 2024, ëm 20 Auer am Sall « A Sputz » zu Näidsen op Besuch, wou hie regional Vollekslidder a Balladen aus der Zäit vun der Renaissance bis an d’Neizäit presentéiert. Reservéiert elo Är Plazen op Tel. 621 498 232 oder iwwer
www.dkmf.lu

__________

FR Dans le cadre du « Klenge Maarnicher Festival », l’auteur-compositeur-interprète et historien Guy Schons sera l’invité à la salle de recontre « A Sputz » à Neidhausen le vendredi 3 mai 2024 à 20 heures, où il présentera des chansons populaires et ballades régionales datant de la Renaissance à l’époque moderne. Réservez dès maintenant vos places au tél. 621 498 232 ou sur
www.dkmf.lu

__________

DE Im Rahmen des « Klenge Maarnicher Festival » ist der Liedermacher und Historiker Guy Schons am Freitag, dem 3. Mai 2024, um 20 Uhr im Dorfsaal « A Sputz » in Neidhausen zu Gast, wo er regionale Volkslieder und Balladen aus der Zeit von der Renaissance bis in die Neuzeit präsentiert. Reservieren Sie ihre Plätze jetzt unter Tel. 621 498 232 oder auf

www.dkmf.lu

 

Agrarministère stellt zu Housen neie Fërderprogramm « Développement villageois » vir

Agrarministère stellt zu Housen neie Fërderprogramm « Développement villageois » vir

LU A Präsenz vun der Ressortministesch Martine Hansen huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an Alimentatioun um Dënschdegowend am Centre culturel zu Housen säi neie Fërderprogramm « Développement villageois » virgestallt, deem seng Moossname fir d’Entwécklung vum ländleche Raum um neien Agrargesetz vun 2023 baséieren.
Donieft hunn awer och d’Leader-Initiativ an d’Ackerbauverwaltung Asta hir Ziler a Prioritéiten esou wéi och hir Berodungs- an Ënnerstëtzungsmoossname presentéiert.
D’Gemeng Parc Housen, déi mat Ënnerstëtzung vu Fërdermëttelen aus dem Agrarministère an de leschte Joeren ë.a. een neien Duerfsall zu Näidsen, ee neie Veräinslokal zu Konstem an eng flott Spillplaz zu Wuelëssen geschaf huet, seet dem Agrarministère a sengen Déngschter villmools Merci fir deen informativen Owend!

__________

FR En présence de la ministre du ressort, Mme Martine Hansen, le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de l’Alimentation a présenté mardi soir au centre culturel de Hosingen son nouveau programme de soutien « Développement villageois », dont les mesures se basent sur la nouvelle loi agraire de 2023.
L’initiative Leader et l’Administration des services techniques de l’agriculture (Asta) ont également présenté leurs objectifs, leurs priorités ainsi que leurs mesures de conseil et de soutien.
La Commune du Parc Hosingen, qui a créé ces dernières années, grâce aux subventions du ministère de l’Agriculture, entre autres une nouvelle salle de rencontre à Neidhausen, un nouveau local pour les associations à Consthum ainsi qu’une aire de jeux attractive à Wahlhausen, remercie chaleureusement le ministère de l’Agriculture et ses services pour cette soirée informative !

__________

DE Im Beisein von Ressortministerin Martine Hansen hat das Ministerium für Landwirtschaft, Weinbau und Ernährung am Dienstagabend im Kulturzentrum in Hosingen sein neues Förderprogramm « Dorfentwicklung » vorgestellt, dessen Maßnahmen auf dem neuen Agrargesetz aus 2023 beruhen.
Daneben haben aber auch die Leader-Initiative und die Ackerbauverwaltung Asta ihre Ziele, Prioritäten sowie ihre Beratungs- und Unterstützungsmaßnahmen präsentiert.
Die Gemeinde Parc Hosingen, die in den zurückliegenden Jahren mit Hilfe von Fördermitteln aus dem Agrarministerium u.a. einen neuen Dorfsaal in Neidhausen, ein neues Vereinslokal in Consthum sowie einen attraktiven Spielplatz in Wahlhausen geschaffen hat, bedankt sich herzlich beim Ackerbauministerium und seinen Diensten für diesen informativen Abend!

 

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

LU Um Donneschdeg, dem 4. Abrëll, dem internationalen Dag vun der Lutte géint Krichsminnen, huet d’Gemeng Parc Housen a Präsenz vum Kulturminister Eric Thill an der Agrarministesch Martine Hansen een hei am Land bis elo eenzegaartegt Monument am Gedenken un d’Affer vu Krichsminnen a -munitioun zu Lëtzebuerg ageweit. D’Denkmol, dat vum Pol Asselborn a Remy Eiffes an Zesummenaarbecht mam Service de déminage vun der Arméi entworf gouf an dank de Recherchë vum Yves Rasqui all ermëttelt Accidenter mat Krichsiwwerreschter zu Lëtzebuerg op engem QR-Code zesummefaasst, ass Deel vum Projet Memorial Parc Housen, am Kader vun deem d’Gelänn ronderëm de Waassertuerm zu Housen an Zukunft zu engem Gedenksite zur Ardennenoffensiv an der Rekonstruktioun soll maachen.

www.memorialparchousen.lu

__________

FR En date du jeudi 4 avril, journée internationale de la lutte contre les mines de guerre, la Commune du Parc Hosingen a inauguré, en présence du ministre de la Culture Eric Thill et de la ministre de l’Agriculture Martine Hansen, un monument unique en son genre dans notre pays à la mémoire des victimes des mines et munitions de guerre au Luxembourg. Le monument, conçu par Pol Asselborn et Remy Eiffes en collaboration avec le Service de déminage de l’armée et regroupant sur un code QR, grâce aux recherches d’Yves Rasqui, tous les accidents identifiés avec des restes de guerre au Luxembourg, fait partie du projet Memorial Parc Hosingen, dans le cadre duquel le terrain autour du château d’eau à Hosingen deviendra à l’avenir un lieu de mémoire sur la Bataille des Ardennes et la reconstruction.

www.memorialparchousen.lu

__________

DE Am Donnerstag, dem 4. April, dem internationalen Tag des Kampfs gegen Kriegsminen, hat die Gemeinde Parc Hosingen im Beisein von Kulturminister Eric Thill und Agrarministerin Martine Hansen ein hierzulande bislang einzigartiges Monument zum Andenken an die Opfer von Kriegsminen und -munition in Luxemburg eingeweiht. Das Denkmal, das von Pol Asselborn und Remy Eiffes in Zusammarbeit mit dem Service de déminage der Armee entworfen und dank der Recherchen von Yves Rasqui alle ermittelten Unfälle mit Kriegsrückständen in Luxemburg auf einem QR-Code zusammenfasst, ist Teil des Projekts Memorial Parc Hosingen, im Rahmen dessen das Gelände rund um den Wasserturm in Hosingen in Zukunft zu einer Gedenkstätte zur Ardennenoffensive und dem Wiederaufbau werden soll.

www.memorialparchousen.lu

Vill fläisseg Hänn bei der « Grouss Botz »: D’Gemeng Parc Housen seet MERCI!

Vill fläisseg Hänn bei der « Grouss Botz »: D’Gemeng Parc Housen seet MERCI!

LU Trotz dem verfréiten Abrëllwieder waren e Samschdeg, den 23. Mäerz 2024, vill engagéiert Bierger laanscht d’Bëscher an d’Weeër vun den Dierfer aus eiser Gemeng ënnerwee, fir deen Offall opzerafen, dee leider nach allzevill Zäitgenossen récksichtslos an der Natur entsuergen. D’Gemeng Parc Housen seet alle Leit, dorënner och vill Schüler aus der Sispolo-Schoul am Parc Housen, déi fläisseg matgehollef hunn, ee grousse MERCI!

__________

FR Malgré le temps prématuré du mois d’avril, de nombreux citoyens engagés étaient en route le samedi 23 mars 2024 le long des forêts et des chemins aux alentours des villages de notre commune pour ramasser les déchets que de trop nombreux contemporains jettent encore sans égard dans la nature. La Commune du Parc Hosingen adresse un grand MERCI à tous les citoyens, dont de nombreux élèves de l’école Sispolo du Parc Hosingen, qui ont donné un coup de main assidu !

__________

DE Trotz des verfrühten Aprilwetters waren am Samstag, dem 23. März 2024, viele engagierte Bürger entlang der Wälder und Wege im Umfeld der Dörfer aus unserer Gemeinde unterwegs, um jenen Abfall einzusammeln, den immer noch allzuviele Zeitgenossen rücksichtslos in der Natur entsorgen. Die Gemeinde Parc Hosingen sagt allen Bürgern, darunter auch viele Schüler aus der Sispolo-Schule im Parc Hosingen, die fleissig mit angepackt haben ein großes DANKESCHÖN!

Aller au contenu principal