Sportsminister Georges Mischo op Besuch beim « Street Soccer Balance »-Tournoi am Parc Housen

Sportsminister Georges Mischo op Besuch beim « Street Soccer Balance »-Tournoi am Parc Housen

LU Um Freidegmëtteg war de Sportsminister Georges Mischo am Parc Housen bei engem vun der Initiativ Eurosportpool – engem Sportsnetzwierk an der Groussregioun – organiséierten, interregionale « Street Soccer Balance »-Tournoi op Besuch, fir déi Jonk aus 3 Länner a 5 Regiounen an hirem sportlechen Engagement ze ënnerstëtzen a si fir hir Leeschtungen och mat engem Diplom auszezeechnen.

__________

FR Vendredi midi, Monsieur le Ministre des Sports, Georges Mischo, était présent au Parc Hosingen lors d’un tournoi interrégional de « Street Soccer Balance » organisé par l’initiative Eurosporttool – un réseau sportif de la Grande Région – afin de soutenir les jeunes de 3 pays et 5 régions dans leur engagement sportif et également de récompenser leurs performances par un diplôme.

__________

DE Am Freitagmittag war Sportminister Georges Mischo im Parc Hosingen bei einem von der Initiative Eurosporttool – einem Sportnetzwerk aus der Großregion – organisierten, interregionalen « Street Soccer Balance »-Turnier zu Gast, um die Jugendlichen aus 3 Ländern und 5 Regionen bei ihrem sportlichen Engagement zu unterstützen und auch für ihre Leistungen mit einem Diplom auszuzeichnen.

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

« Night Rider »: Gemeng Parc Housen iwwerhëllt ab Abrëll just nach 4 allers-retours pro Mount!

LU Opgepasst! Op Beschloss vum Gemengerot vum 21. Mäerz 2024 iwwerhëllt d’Gemeng Parc Housen ab Abrëll 2024 just nach 4 Fahrte vum « Night Rider » (allers-retours) pro Mount.

__________

FR Attention ! Suite à la décision du conseil communal du 21 mars 2024, la Commune de Parc Hosingen ne prendra encore en charge, à partir d’avril 2024, que les frais de 4 trajets « Night Rider » (allers-retours) par mois. 

__________

DE Aufgepasst! Auf Beschluss des Gemeinderats vom 21. März 2024 hin, übernimmt die Gemeinde Parc Hosingen ab April 2024 noch lediglich die Kosten für 4 « Night Rider »-Fahrten (Hin- und Rückfahrt) pro Monat. 

22.-24. Abrëll: Punktuell Stroossespäerung « An der Gaass » zu Näidsen

22.-24. Abrëll: Punktuell Stroossespäerung « An der Gaass » zu Näidsen

LU Wéinst engem Chantier ass d’Strooss « An der Gaass » zu Näidsen vun ee Méindeg bis ee Mëttwoch, den 22. bis de 24. Abrëll 2024, op der Héicht vum Haus Nr. 13 gespaart.

__________

FR En raison d’un chantier, la rue « An der Gaass » à Neidhausen sera fermée à la circulation du lundi 22 au mercredi 24 avril 2024, à la hauteur de la maison n° 13.

__________

DE Aufgrund einer Baustelle ist die Straße « An der Gaass » in Neidhausen von Montag bis Mittwoch, dem 22. bis 24. April 2024, auf der Höhe des Hauses Nr. 13 gesperrt.

 

Klenge Maarnicher Festival: Concert-conférence mam Musiker an Historiker Guy Schons, den 3. Mee 2024, zu Näidsen

Klenge Maarnicher Festival: Concert-conférence mam Musiker an Historiker Guy Schons, den 3. Mee 2024, zu Näidsen

LU Am Kader vum « Klenge Maarnicher Festival » ass de Musiker an Historiker Guy Schons freides, den 3. Mee 2024, ëm 20 Auer am Sall « A Sputz » zu Näidsen op Besuch, wou hie regional Vollekslidder a Balladen aus der Zäit vun der Renaissance bis an d’Neizäit presentéiert. Reservéiert elo Är Plazen op Tel. 621 498 232 oder iwwer
www.dkmf.lu

__________

FR Dans le cadre du « Klenge Maarnicher Festival », l’auteur-compositeur-interprète et historien Guy Schons sera l’invité à la salle de recontre « A Sputz » à Neidhausen le vendredi 3 mai 2024 à 20 heures, où il présentera des chansons populaires et ballades régionales datant de la Renaissance à l’époque moderne. Réservez dès maintenant vos places au tél. 621 498 232 ou sur
www.dkmf.lu

__________

DE Im Rahmen des « Klenge Maarnicher Festival » ist der Liedermacher und Historiker Guy Schons am Freitag, dem 3. Mai 2024, um 20 Uhr im Dorfsaal « A Sputz » in Neidhausen zu Gast, wo er regionale Volkslieder und Balladen aus der Zeit von der Renaissance bis in die Neuzeit präsentiert. Reservieren Sie ihre Plätze jetzt unter Tel. 621 498 232 oder auf

www.dkmf.lu

 

Méindeg, den 22. Abrëll: Stroossenaarbechten an der Strooss « Ënnescht Duerf » zu Boukels

Méindeg, den 22. Abrëll: Stroossenaarbechten an der Strooss « Ënnescht Duerf » zu Boukels

LU Wéinst Asphaltéierungsaarbechten ass deen ënneschten Deel vun der Strooss « Ënnescht Duerf » zu Boukels (fir erof bäi d’Kläranlag) ee Méindeg, den 22. Abrëll 2024, tëscht 5 a 24 Auer gespaart.

__________

FR En raison de travaux d’asphaltage, la partie inférieure de la rue « Ënnescht Duerf » à Bockholtz (descendant vers la station d’épuration) sera fermée le lundi 22 avril 2024, entre 5 et 24 heures.

__________

DE Wegen Asphaltierungsarbeiten ist der untere Teil der Straße « Ënnescht Duerf » in Bockholtz (hinab zur Kläranlage) am Montag, dem 22. April 2024, zwischen 5 und 24 Uhr gesperrt.

Agrarministère stellt zu Housen neie Fërderprogramm « Développement villageois » vir

Agrarministère stellt zu Housen neie Fërderprogramm « Développement villageois » vir

LU A Präsenz vun der Ressortministesch Martine Hansen huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an Alimentatioun um Dënschdegowend am Centre culturel zu Housen säi neie Fërderprogramm « Développement villageois » virgestallt, deem seng Moossname fir d’Entwécklung vum ländleche Raum um neien Agrargesetz vun 2023 baséieren.
Donieft hunn awer och d’Leader-Initiativ an d’Ackerbauverwaltung Asta hir Ziler a Prioritéiten esou wéi och hir Berodungs- an Ënnerstëtzungsmoossname presentéiert.
D’Gemeng Parc Housen, déi mat Ënnerstëtzung vu Fërdermëttelen aus dem Agrarministère an de leschte Joeren ë.a. een neien Duerfsall zu Näidsen, ee neie Veräinslokal zu Konstem an eng flott Spillplaz zu Wuelëssen geschaf huet, seet dem Agrarministère a sengen Déngschter villmools Merci fir deen informativen Owend!

__________

FR En présence de la ministre du ressort, Mme Martine Hansen, le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de l’Alimentation a présenté mardi soir au centre culturel de Hosingen son nouveau programme de soutien « Développement villageois », dont les mesures se basent sur la nouvelle loi agraire de 2023.
L’initiative Leader et l’Administration des services techniques de l’agriculture (Asta) ont également présenté leurs objectifs, leurs priorités ainsi que leurs mesures de conseil et de soutien.
La Commune du Parc Hosingen, qui a créé ces dernières années, grâce aux subventions du ministère de l’Agriculture, entre autres une nouvelle salle de rencontre à Neidhausen, un nouveau local pour les associations à Consthum ainsi qu’une aire de jeux attractive à Wahlhausen, remercie chaleureusement le ministère de l’Agriculture et ses services pour cette soirée informative !

__________

DE Im Beisein von Ressortministerin Martine Hansen hat das Ministerium für Landwirtschaft, Weinbau und Ernährung am Dienstagabend im Kulturzentrum in Hosingen sein neues Förderprogramm « Dorfentwicklung » vorgestellt, dessen Maßnahmen auf dem neuen Agrargesetz aus 2023 beruhen.
Daneben haben aber auch die Leader-Initiative und die Ackerbauverwaltung Asta ihre Ziele, Prioritäten sowie ihre Beratungs- und Unterstützungsmaßnahmen präsentiert.
Die Gemeinde Parc Hosingen, die in den zurückliegenden Jahren mit Hilfe von Fördermitteln aus dem Agrarministerium u.a. einen neuen Dorfsaal in Neidhausen, ein neues Vereinslokal in Consthum sowie einen attraktiven Spielplatz in Wahlhausen geschaffen hat, bedankt sich herzlich beim Ackerbauministerium und seinen Diensten für diesen informativen Abend!

 

Donneschdeg, 18. Abrëll: Stroossespäerungen « Am Duerf » an « Ob Moorenahl » zu Eesbech

Donneschdeg, 18. Abrëll: Stroossespäerungen « Am Duerf » an « Ob Moorenahl » zu Eesbech

LU Wéinst Asphaltéierungsaarbechten ass d’Strooss « Am Duerf » zu Eesbech en Donneschdeg, den 18. Abrëll 2024, tëscht den Haiser 6 an 22 fir den Trafic gespaart. D’Strooss « Ob Moorenahl » ass hirersäits komplett gespaart.

OPGEPASST: Well d’Awunner vun der Strooss « Ob Moorenahl » scho vu moies 7 Auer un net méi iwwer hir Ausfaarte kënne fortfueren, an d’Awunner vun der Strooss « Am Duerf » kuerz duerno, sinn all Urainer vun de betraffene Stroosse gebieden, hir Gefierer schonn um Virowend um Parking bei der Grenzbréck zu Eesbech ze parken.

OPGEPASST: Wéinst der instabiler Wiederlag kënnen d’Aarbechte kuerzfristeg verluecht oder nëmmen deelweis ausgefouert ginn!

OPGEPASST: D’Offallkollekte (blo Tonn) op deene betraffene Stroossenofschnëtter gëtt op e méindes, den 29. Abrëll 2024 verluecht.

__________

FR En raison de travaux d’asphaltage, la rue « Am Duerf » à Eisenbach sera fermée à la circulation le jeudi 18 avril 2024 sur le tronçon entre les maisons 6 à 22. La rue « Op Moorenahl » est pour sa part complètement fermée.

ATTENTION : Comme les riverains de la rue « Ob Moorenahl » ne pourront plus sortir par leurs sorties respectives dès le matin, 7 heures, ainsi que les riverains de la rue « Am Duerf » quelque temps plus tard, tous les riverains sont priés de garer leurs véhicules dès la veille sur le parking près du pont frontalier à Eisenbach.

ATTENTION : En raison de l’instabilité de la situation météorologique, les travaux peuvent être reportés à court terme ou n’être exécutés que partiellement !

ATTENTION : La collecte des déchets (poubelle bleue) sur les tronçons routiers concernés sera reportée au lundi 29 avril 2024.

__________

DE Wegen Asphaltierungsarbeiten ist die Straße „Am Duerf“ in Eisenbach am Donnerstag, dem 18. April 2024, auf dem Abschnitt zwischen den Häusern 6 bis 22 für den Verkehr gesperrt. Die Straße „Op Moorenahl“ ist ihrerseits komplett gesperrt.

AUFGEPASST: Da die Anwohner der Straße „Ob Moorenahl“ bereits ab morgens, 7 Uhr, sowie die Anwohner der Straße „Am Duerf“ einige Zeit später nicht mehr über ihre jeweiligen Ausfahrten abfahren dürfen, sind alle Anlieger gebeten, ihre Fahrzeuge bereits am Vorabend auf dem Parkgelände an der Grenzbrücke in Eisenbach abzustellen.

AUFGEPASST: Wegen der instabilen Wetterlage können die Arbeiten kurzfristig auch verlegt oder nur teilweise ausgeführt werden!

AUFGEPASST: Die Müllabfuhr (blaue Tonne) auf den betroffenen Straßenabschnitten wird auf Montag, den 29. April 2024, verlegt.

18. Abrëll 2024: Nächst Sitzung vum Gemengerot Parc Housen

18. Abrëll 2024: Nächst Sitzung vum Gemengerot Parc Housen

LU En Donneschdeg, den 18. Abrëll 2024, ass ëm 8.30 Auer op der Gemeng zu Housen déi nächst Sitzung vum Gemengerot Parc Housen.

__________

FR Le jeudi 18 avril 2024, la prochaine réunion du conseil communal Parc Hosingen aura lieu à 8h30 à la mairie de Hosingen.

__________

DE Am Donnerstag, dem 18. April 2024, findet um 8.30 Uhr im Rathaus in Hosingen die nächste Sitzung des Gemeinderats Parc Hosingen statt.

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

Memorial Parc Housen: Neit Denkmol fir Affer vu Krichsminnen a -munitioun ageweit

LU Um Donneschdeg, dem 4. Abrëll, dem internationalen Dag vun der Lutte géint Krichsminnen, huet d’Gemeng Parc Housen a Präsenz vum Kulturminister Eric Thill an der Agrarministesch Martine Hansen een hei am Land bis elo eenzegaartegt Monument am Gedenken un d’Affer vu Krichsminnen a -munitioun zu Lëtzebuerg ageweit. D’Denkmol, dat vum Pol Asselborn a Remy Eiffes an Zesummenaarbecht mam Service de déminage vun der Arméi entworf gouf an dank de Recherchë vum Yves Rasqui all ermëttelt Accidenter mat Krichsiwwerreschter zu Lëtzebuerg op engem QR-Code zesummefaasst, ass Deel vum Projet Memorial Parc Housen, am Kader vun deem d’Gelänn ronderëm de Waassertuerm zu Housen an Zukunft zu engem Gedenksite zur Ardennenoffensiv an der Rekonstruktioun soll maachen.

www.memorialparchousen.lu

__________

FR En date du jeudi 4 avril, journée internationale de la lutte contre les mines de guerre, la Commune du Parc Hosingen a inauguré, en présence du ministre de la Culture Eric Thill et de la ministre de l’Agriculture Martine Hansen, un monument unique en son genre dans notre pays à la mémoire des victimes des mines et munitions de guerre au Luxembourg. Le monument, conçu par Pol Asselborn et Remy Eiffes en collaboration avec le Service de déminage de l’armée et regroupant sur un code QR, grâce aux recherches d’Yves Rasqui, tous les accidents identifiés avec des restes de guerre au Luxembourg, fait partie du projet Memorial Parc Hosingen, dans le cadre duquel le terrain autour du château d’eau à Hosingen deviendra à l’avenir un lieu de mémoire sur la Bataille des Ardennes et la reconstruction.

www.memorialparchousen.lu

__________

DE Am Donnerstag, dem 4. April, dem internationalen Tag des Kampfs gegen Kriegsminen, hat die Gemeinde Parc Hosingen im Beisein von Kulturminister Eric Thill und Agrarministerin Martine Hansen ein hierzulande bislang einzigartiges Monument zum Andenken an die Opfer von Kriegsminen und -munition in Luxemburg eingeweiht. Das Denkmal, das von Pol Asselborn und Remy Eiffes in Zusammarbeit mit dem Service de déminage der Armee entworfen und dank der Recherchen von Yves Rasqui alle ermittelten Unfälle mit Kriegsrückständen in Luxemburg auf einem QR-Code zusammenfasst, ist Teil des Projekts Memorial Parc Hosingen, im Rahmen dessen das Gelände rund um den Wasserturm in Hosingen in Zukunft zu einer Gedenkstätte zur Ardennenoffensive und dem Wiederaufbau werden soll.

www.memorialparchousen.lu

Vill fläisseg Hänn bei der « Grouss Botz »: D’Gemeng Parc Housen seet MERCI!

Vill fläisseg Hänn bei der « Grouss Botz »: D’Gemeng Parc Housen seet MERCI!

LU Trotz dem verfréiten Abrëllwieder waren e Samschdeg, den 23. Mäerz 2024, vill engagéiert Bierger laanscht d’Bëscher an d’Weeër vun den Dierfer aus eiser Gemeng ënnerwee, fir deen Offall opzerafen, dee leider nach allzevill Zäitgenossen récksichtslos an der Natur entsuergen. D’Gemeng Parc Housen seet alle Leit, dorënner och vill Schüler aus der Sispolo-Schoul am Parc Housen, déi fläisseg matgehollef hunn, ee grousse MERCI!

__________

FR Malgré le temps prématuré du mois d’avril, de nombreux citoyens engagés étaient en route le samedi 23 mars 2024 le long des forêts et des chemins aux alentours des villages de notre commune pour ramasser les déchets que de trop nombreux contemporains jettent encore sans égard dans la nature. La Commune du Parc Hosingen adresse un grand MERCI à tous les citoyens, dont de nombreux élèves de l’école Sispolo du Parc Hosingen, qui ont donné un coup de main assidu !

__________

DE Trotz des verfrühten Aprilwetters waren am Samstag, dem 23. März 2024, viele engagierte Bürger entlang der Wälder und Wege im Umfeld der Dörfer aus unserer Gemeinde unterwegs, um jenen Abfall einzusammeln, den immer noch allzuviele Zeitgenossen rücksichtslos in der Natur entsorgen. Die Gemeinde Parc Hosingen sagt allen Bürgern, darunter auch viele Schüler aus der Sispolo-Schule im Parc Hosingen, die fleissig mit angepackt haben ein großes DANKESCHÖN!

Aller au contenu principal